Fir den Hierscht gutt ze iwwerbrécken, gëtt et Sonndes dach näischt Besseres wéi en flotten Trëppeltour. Ee vu villen Trëppeltier zu Lëtzebuerg, soll een dann emol zu Dikrich duerch den NaturErlebnisPark gemaach hunn.
En Léierpad mat 12 Informatiounstafele get ausféierlech Auskunft iwwer Flora a Fauna vun dësem Naturschutzgebitt. Nieft schotteschen Highland Cattle an Dikricher Esel beliewen eng Hellewull Planzen in Bedigen an ergänzen esou den Dikricher Park perfekt.