Iwwer mech

Sech an der Gesellschaft fräiwëlleg vir eng Saach anzesetze soll eng vun de Prioritéite sinn d’soziaalt Zesummeliewen ze fuerderen. Sief dat Trainer an engem Veräin ze sinn, fir eng Gewerkschaft mat op d’Strooss ze goen, en politescht Mandat a senger Gemeng ze bekleeden oder einfach emol dem Noper d’Wiss méien. Et ginn eng sëllech Manéiere sech ze engagéieren.

Zesummen ass ee méi staark an sou gesinn ech dat well säit enge Reih Joren. Vläicht ass et grad dat wat mech a menge bal 7 Joer Arméi-Déngscht am meeschte gepräägt huet. Esou setzen ech mech well säit 2010 aktiv fir de Lëtzebuerger Automobilsport.

Als President vu gläich 2 Veräiner, hunn ech 2017 mam Le moteur de l’historique duerfte fir d’4. Kéier d’Boucles de Clervaux organiséieren an zesumme mat den Motorsport-Frënn Diekirch ënnerstëtzen ech jonk Piloten am Rallye, um Circuit wéi och am Karting um Wee zu hirem Ziel.

Am Januar 2011 sinn ech Member vun der Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei ginn an d’Joer drop, hunn ech schonns meng éischt Schrëtt an der Politik duerfe maachen. Säit dem war ech an e puer Gemengekommissiounen, wou ech momentan och déi vun der Jugend presidéieren duerf. Niewent menge Chargen als Sekretär an der Dikricher Sektioun an am Nordbezierk, sinn ech och Member an der Parteileedung vun der LSAP.